Méi spéit am Joer, wäert Eltrona all hire Clienten nei interaktiv an innovativ Televisioun’s Servicer ubidden. Duerfir muss virdrun e wéineg « Fréijoers Botz » gemaach ginn. Dobäi geet kee Programm verluer, si komme just zum Deel op aner Plazen (Programm Nummer). Dat geschitt Méindes, den 3. Mee, am Laf vum Moien. Well Télédistribution Walferdange d’Signal vun Eltrona kritt, sinn all eis Clienten an der Gemeng Walfer och betraff. An Zukunft kann all TeleWalfer TV Client och vun dësen neie Servicer profitéieren.
Wann Ären Decoder oder Är Televisioun vum 3. Mee un, net méi wéi gewinnt all TV Programmer uweist, hu dir am beschten, Dir maacht en « Sendersuchlauf ». All Proprietär vun engem Telewalfer TV Uschloss krut an de leschten Deeg eng kleng « Gebrauchsuweisung » per Bréif geschéckt. Vum Meindeg 3. Mee un, nodeem dat neit Signal ageschalt ass, maacht di Prozedur Schrëtt vir Schrëtt esou wéi se an der Broschüre beschriwwen ass. (Net virum 3. Mee maachen)
Wann Dir nach Froen oder Problemer hutt, kënnt Dir Iech bei Eltrona um Telefon 499 466 888 mellen. De Service Technique vun TeleWalfer ass awer och, ënnert der Nummer 27 40 07 77 oder per Email (tech@telewalfer.lu) fir iech do.
VOIR LETTRE INFO N°1
VOIR LETTRE INFO N°2
Enn vun der Campagne “Repack” mat Special Präis war den 31.05.2021